Sensibiliséierung fir Cybersécherheet
Dës Formatioun zur Sensibilisiéirung mécht d’Deelhueler mat de Risike vertraut, déi mat Computere, mobile Geräter an dem Internet verbonne sinn. Bei Datenschutzverletzungen a Cyberugrëffer si meeschtens d’Mënschen d’Zil vu Cyberkriminellen, net d’Computeren. D’interaktiv Schoulung ziilt dorop of, d’Deelhueler unhand vu ville Beispiller aus der Praxis mat de
Bedrohungen ze konfrontéieren, deene si am Alldag begéingen, an hinne bäizebréngen, wéi si dës Situatiounen meeschtere kënnen. D’Deelhueler, déi d’Formatioun absolvéiert hunn, wäerte vill méi resistent géint sou Cyberrisike sinn.
Content
- Internet, Konnektivitéit a Verschlësselung- Cookies- Malware an Anti-Virus- Datenschutz a GDPR- Metadaten- Backups- Cyberkriminalitéit a mënschlech Schwaachstellen- Passwierder a Passwuertverwaltung- Phishing- Zwee-Faktor-Authentifizéierung- Physesch Sécherheet
Learning Outcomes
D'Deelhueler wäerten an der Lag sinn:
- Cyberrisiken ze erkennen an ze verstoen
- ze wëssen, wéi een op e Risiko reagéiert
- ze wëssen, wéi si aneren hëllefe kënnen, wann déi engem Risiko ausgesat sinn
- méi resistent a Bezuch op Sécherheet an Datenschutz ze ginn
Training Method
D'Zil vun der Formatioun ass et, d'Bewosstsinn fir Cybersécherheetsrisiken ze schärfen an den Deelhueler Methoden an Instrumenter an d'Hand ze ginn, fir deene Risiken ze begéinen.
Certification
Certificate of ParticipationPrerequisites
there are no prerequisites
Planning and location
08:00 - 12:00