Skip to content
Skip to Content
Data & AI

D’Administratioun mat der Ënnerstëtzung vu Mistral AI

Dës Formatioun erméiglecht de Mataarbechterinnen a Mataarbechter, Kënschtlech Intelligenz (KI) am Alldag effizient a verantwortungsvoll ze benotzen. De Fokus läit op der Praxis: ronn 70 % vun der Zäit gëtt u konkrete Beispiller an Übunge geschafft.

D’Zil ass, datt d’Participanten net nëmme verstoen, wéi Mistral AI funktionéiert, mee d’Tool och selwer sécher an autonom an hirer deeglecher Aarbecht asetzen.

Content

Effikass mat Mistral AI schaffen:

  • Déi richteg Froen an Uweisunge formuléieren, fir séier relevant Resultater ze kréien.
  • Texter, Zesummefaassungen, E-Mailen a Rapporte mat Hëllef vun der KI erstellen.
  • D’Qualitéit vun den Äntwerten duerch einfach Methode verbesseren.


Dokumenter an Informatioun intelligent notzen:

  • Eegen Dokumenter, Reglementer a Gesetzer als Grondlag benotzen.
  • Relevant Informatioun séier an zouverlässeg aus grousse Quantitéiten un Dokumenter erausfannen.
  • Komplex Aufgaben a logesch Schrëtt opdeelen, fir besser Resultater ze kréien.


Sécheren a verantwortungsvolle Gebrauch vun der KI:

  • Wiederkehrend Aufgabe mat personaliséierte KI Agente vereinfachen.
  • Resultater iwwerpréiwen a méiglech Feeler erkennen.
  • Dateschutz, Sécherheet an ethesch Principe respektéieren.
Learning Outcomes

Nom Ofschloss vun der Formatioun kënnen d’Participanten:

  • Verstoen, wéi generativ KI funktionéiert a wat hir Méiglechkeeten a Grenze sinn.
  • Mistral AI gezielt fir administrativ Aufgaben asetzen.
  • Grouss Quantitéiten un Informatioun séier analyséieren a verschaffen.
  • Eegen Agente fir hire Beräich opbauen.
  • D’Resultater kritesch evaluéieren a fir Qualitéit, Sécherheet a Konformitéit suergen.
Training Method

Lectures, Exercisen

Certification
Certificate of Participation
Prerequisites

Et muss een digital Outilen kënnen.


Planning and location
Session 1
29/07/2026 - Wednesday
09:00 - 13:00
Session 1
28/08/2026 - Friday
09:00 - 13:00
Session 1
10/09/2026 - Thursday
09:00 - 13:00
0.00 € 0.00 €

Your trainer(s) for this course