Cybersécherheet: D’Bedrohungen verstoen an déi richteg Reflexer adoptéieren
Dës Formatioun vermëttelt de Participanten déi essentiell Kenntnesser an déi praktesch Fäegkeeten, fir sech sécher an der digitaler Welt ze beweegen. Et sinn d’Mënschen – an net d’Computeren – déi dat Haaptzil vun de Cyberkriminelle sinn. Unhand vu konkrete Beispiller weist dësen interaktive Cours de Participanten d’Bedrohungen, mat deenen si am Alldag konfrontéiert kënne ginn.
Si deckt déi wichtegst Theeme vun der Cybersécherheet of, dorënner den INternet an d’Verschlësselung, den Dateschutz an d’RGPD, de Schutz géint schiedlech Software, d’Gestioun vu Passwierder, d’Sensibiliséierung fir Phishing, d’Zwee-Faktor-Authentifikatioun, Backuppen, Metadaten an déi physesch Sécherheet.
D’Participante léieren, wéi Cyberkriminell mënschlech Schwächte ausnotzen a wéi ee sécher an effektiv digital Gewunnechten entwéckelt, fir domat besser virbereet an méi resilient géintiwwer Cyberrisiken ze sinn.
Content
Dës Formatioun behandelt déi folgend Themen:
- Internet, Konnektivitéit a Verschlësselung – Verstoen, wéi Donnéeën online zirkuléieren a wéi d’Verschlësselung Informatioune schützt.
- Cookien – Léieren, wéi Websäiten Aktivitéiten verfolgen an Donnéeë vun de Benotzer geréieren.
- Schiedlech Software an Antivirus – Schiedlech Software erkennen an d’Funktioun vun de Schutzinstrumenter verstoen.
- Privatsphär a GDPR – D’Prinzipie vum Dateschutz an d’Rechter vun den eenzelen Persounen no der GDPR entdecken.
- Metadaten – Verstoen, wat Metadaten sinn a wéi si sensibel Informatioune kënne verroden.
- Backuppen – Verstoen, firwat Backuppen essentiell sinn a wéi een se effektiv ëmsetzt.
- Cyberkriminalitéit a mënschlech Schwächten – Erkennen, wéi Cyberkriminell mënschlecht Verhale ausnotzen.
- Passwierder a Passwuert-Gestioun – Staark Passwierder erstellen an se op eng sécher Aart a Weis geréieren.
- Phishing – Bedrügeresch E-Maile erkennen an adequat op Social-Engineering-Versich reagéieren.
- Zwee-Faktor-Authentifikatioun – Konten duerch zousätzlech Verifikatiounsmethoden ofsécheren.
- Physesch Sécherheet – Apparater an sensibel Informatiounen schützen.
Learning Outcomes
Um Enn vun dëser Formatioun sinn d’Participanten a der Lag:
- Cyberrisiken ze erkennen an ze verstoen
- ze wëssen, wéi een op e Risiko reagéiert
- ze wëssen, wéi een aneren hëllefe kann, wa si mat engem Risiko konfrontéiert sinn
- méi resilient a Bezuch op Sécherheet a Privatsphär ze ginn
Training Method
Dës Formatioun ass interaktiv a kombinéiert theoretesch Bäiträg mat praktesche Beispiller aus reelle Situatiounen.
Certification
Certificate of ParticipationPrerequisites
A keng Virkenntnesser néideg.
Planning and location
09:00 - 12:00
Your trainer(s) for this course
Steve MULLER
See trainer's courses.Steve is a tech enthusiast with a passion for new technologies, cybersecurity, and coding. Steve enjoys the challenge of making complex concepts easier to understand. Through his numerous training sessions and conference talks, he strives to empower people, helping them to build confidence in their digital skills.